Réunioun mam Minister Dan Kersch

Communiqué de Presse du 11.11.2015

vers la version française

No eiser Reunioun mam Minister Kersch vum 11. November 2015, déi bal 2 Stonnen gedauert huet, oppen war an an engem gudde Klima stattfonnt huet, halen mir folgendes fest:

1.    D’Regierung hält un hirem Projet vun engem „Containerduerf“ zu Stengefort fest, och wann et sech net ëm Containeren am klasseschen Sënn handelen soll.

2.    D’Unzuel vun de Leit, déi d’Regierung wëll do ënnerbréngen, läit bei 300 Leit, mee wann d’Regierung et fir néideg fënnt, kann d’Zuel bis op 600 eropgesat ginn.

D’Gemeng gëtt virun der Augmentatioun zwar konsultéiert; hiren Avis ass awer net bindend. Dat heescht, datt d’Regierung egal wéi bis zu 600 Leit kann do ënnerbréngen.

De Minister huet insistéiert, datt do op kee Fall méi wéi 600 Leit giffen hei ënnerkommen.

Eis Biergerinitiativ huet hien drop opmierksam gemaach, datt et an Däitschland ähnlech Opfanglageren giff ginn, déi och fir ursprénglech 300 Leit virgesinn waren, wou awer elo méi wéi 3.300 Flüchtlingen giffen sëtzen. (Quell: Artikel Bild Online vum 01.10.2015)

3.     Wat d’Unzuel vun Containeren ubelaangt, sou ass déi Zuel net méi déi vun 600, déi den Minister Kersch an der Informatiounsversammlung am Centre Roudemer zu Stengefort vum 24. September 2015 selwer genannt huet (ze kucken op „Stengefort News“: Sendung vum 09.10.2015: 18 min 34 sec bis 18 min 38 sec), mee déi vun 250 bis 275 Containeren, wouvun 150 Wunncontaineren sollen sinn.

Wéi mir den Här Minister verstan hunn, géifen net méi wéi déi Unzuel vu Containeren op den Site kommen, och wann nach méi Leit bäikéimen (da géifen méi Better pro Container opgestallt ginn).

4.    Mir hunn dem Här Minister ze verstoen ginn, datt fir eis déi Unzuel disproportionéiert ass, an datt zu Stengefort, en Duerf mat ca. 2.400 Awunner, 600 Flüchtlingen ¼ vun der Bevëlkerung giff duerstellen. Fir eis ass dee Site och total inadaptéiert, ouni Infrastrukturen, tëscht Haiser, Atertbunn, Schleekebësch, matzen am Duerf an vill ze kléng (160 Ar).

5.    Den Här Minister nennt dëst e Wunnquartier matt enger Clôture a keen Ghetto. Och géiffen op deem Site ganz normal Stroosseluuchten installéiert ginn.

Eis Biergerinitiativ huet nach eng Kéier kloer duergestallt, datt d’Regierung hei e Ghetto schaaft, och well et jo hei guer keng Mixitéit vun der Bevëlkerung a keen Kontakt mat den Lëtzebuerger an europäeschen Resident’en gëtt.

Mir haten och d’Geleeënheet dem Här Minister eis Bedenken  matzedeelen, datt esou e Containerduerf, an deem een esou eng grouss Unzuel un Flüchtlingen konzentréiert, eng Diskriminatioun géif duerstellen. Et gëtt do keen Austausch mat der Bevëlkerung an ergo keng Integratioun.

Eis Biergerinitiativ huet do den Här Minister op en ganz interessanten Artikel an der däitscher Zeitung „Die Zeit“ opmierksam gemaach. Dës prestigiéis Zeitung huet mat dem unerkannten däitschen Stadtsoziologen Jürgen Friedrichs en Interview gemaach, (Artikel an „Zeit Online“ vum 30.10.2015: „Wir wissen, dass es falsch ist“) wou genee virun de Risiken vun der Schafung vun esou Ghetto’en gewarnt gëtt.

Mir mengen weiderhin datt déi Leit an esou engem Containerduerf stigmatiséiert a gebrandmarkt ginn. „Hei, do wunnen d’Flüchtlingen“, heescht et dann.

6.    Den Här Minister ass mat eis averstan, datt d’Politik während Joeren d’Zeechen, déi sech an de Flüchtlingscamp’en vun Lesbos an Lampedusa, mee och bei der Kris vun de Flüchtlingen aus Ex-Jugoslawien ofgezeechent hunn, net erkannt huet an et verpasst huet, déi néideg Unzuel vu neie Wunnengen a klenge Strukturen ze bauen fir deene Leit entgéint ze kommen, fir esou dëse Situatiounen präventiv entgéint ze wierken.

7.    Mir hunn dem Här Minister eis Propositiounen vum Erstellen vun engem „Baulückenkadaster“ an engem „Schlëssel“ virgeschloen, no deem d’Flüchtlingen no enger éischter schneller Enregistréierung am ganze Land sollen verdeelt ginn, wou déi 105 Gemengen am ganze Land per Gesetz verpflicht ginn, Flüchtlingen opzehuelen, an klengen Zentren an Haiser, statt se a riseg Camp’en vun 300 Leit oder méi ze stiechen. Déi Gemengen, déi méi Léit wéi duerch den „Schlëssel“ definéiert kéinten ophuelen, dierften dat op fräiwëlleger Basis maachen.

Mir mengen och, datt dat déi richteg Léisung wär, an hei eis Politik alt erëm eng Kéier eng riseg Chance verpasst, nohalteg ze gestalten, amplaz an provisoresche Containeren op engem ze klenge Site ouni Infrastrukturen, Geld ze verschwenden.

Kleng Unitéiten sinn besser, fir Flüchtlingen an fir eis Dierfer, och wann se nëmmen zäitweis bei eis wunne kommen (cf. besoten Artikel an „Die Zeit“).

8.    Eis Biergerinitiativ an den Här Minister waren sech eens, datt een deene Leit, déi elo bei eis kommen, esou séier wéi méiglech erlabe muss op den Aarbechtsmaart ze kommen, an dass een hinnen d’Formalitéiten fir d’Asylprozedur souvill wéi méiglech vereinfachen muss.

9.    Den Här Minister huet sech vill Zäit geholl an eis nogelauschtert, an eis seng Positioun an déi vun der Regierung erklärt. Och huet hien eis provisoresch Pläng gewisen, déi mir  awer net wëllen kommentéieren, eben well se provisoresch sinn, an d’Regierung dës nach iwwerschafft.

10.  Och wann mir weiderhin fest iwwerzeegt sinn, datt de Site net adaptéiert ass, an datt och méi generell d’Containerdierfer falsch sinn, soen mir dem Minister Kersch Merci fir dat konstruktivt Gespréich, seng Gedold an déi oppen Wierder.

Och wann d’Regierung de falschen Wee hei aschléit, sou sief gesot, datt de Minister sengem Amt all Éier gemaach huet, andeems hien haut de Moien en „exercice démocratique“ gemaach huet an eiser Biergerinitiativ en oppent Ouer a seng Zäit geschenkt huet.

Och dat zeechent e Staatsmann aus, och wann mir net onbedéngt mat him enger Meenung sinn.

11.  Eis Biergerinitiativ wäert weiderhin fir e positiven a konstruktiven Dialog stoen, an zu kengem Moment d’Interêt’en vun Stengefort, vum Site, deen et ze präservéieren gëllt, vu senge Memberen an alle Matbierger (och deenen Leit, déi mir bei eis ophuelen) aus den Aan verléieren.

 

12.  Eis Biergerinitiativ leet dofir nach eng Kéier hir Fuerderungen duer:

  • Déi Leit, déi bäi eis kommen, sollen schnell an onbürokratesch a bestoenden groussen Gebailechkeeten enregistréiert ginn.
  • Déi Leit, wann se bis enregistréiert sinn, sollen schnellstméiglech a klengen Strukturen, wa méiglech an Haiser iwwer d’Land gerecht verdeelt ginn, ouni datt si iwwert Containerdierfer transitéieren.
  • Falls néideg soll an der Chamber e Gesetz gestëmmt ginn, wat déi 105 Gemengen am Land verpflicht, no engem Schlëssel, deen sech aus der Gréisst an der Bevölkerungsdicht vun der jeeweileger Gemeng ergëtt, eng proportional Unzuel vun Flüchtlingen opzehuelen. Do kéinte mir eis um „Königsteiner Schlüssel“-Modell orientéieren, deen an Däitschland d’Flüchtlingen op d’Bundeslänner no dem Prozentsaz vun der Bevëlkerung opdeelt (siehe Artikel n-tv vum 6/09/2015 an „Die Zeit“ vum 01/10/2015). Sou kënnen d’Integratiounsméiglechkeeten voll ausgeschöpft an Iwwerlaaschtungen vun klengen Dierfer verhënnert ginn. Ausnahmen dozou kënnen a bestëmmte Situatiounen autoriséiert ginn, wann déi bestoend Strukturen esou en Accueil  zäitbegrenzt erlaben, mee dat muss dann op fräiwëlleger Basis mat de Gemengen negociéiert ginn.
  • D’Regierung misst mat Hëllef vun alle Gemengen hei am Land,  en „Baulückenkadaster“ opstellen, fir sou erauszefannen, wou et kommunal a staatlech Broochflächen gëtt, déi kéinten bebaut ginn. Och kéinten an deem Kadaster ëffentlech Haiser a Gebaier (Paschtoueschhaiser, aal Schoulen, aal Spillschoulen, kleng aal centre culturel’en asw) erfaasst ginn déi eidelstinn an déi kéinte bewunnt ginn. Dofir dierf déi ëffentlech Hand dann och net zréckschrecken, fir do wierklech unzepaken, do ze bauen wou et méiglech ass, an d’Haiser an d’Rei ze setzen. Och  kéinten op fräiwëlleger Basis d’Proprietairen vu privaten Haiser e ganz laangen Bail zu fairen Konditiounen ugebueden kréien fir d’Flüchtlinge ënnerzebréngen.
  • Datt de Projet vum Containerduerf zu Stengefort falen gelooss gëtt.

Ënnerschriwwe fir d’Biergerinitiativ « Keen Containerduerf am Duerf» a.s.b.l.

De President              Vize-Presidentin         Vize-President

Joë Lemmer                 Nelly Meyers              Marco Marques

 

———————————————————————

 PDF du Communique de presse

 

 

 

 

 

 

Laisser un commentaire:

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *


*